Begéignungsowend fir Massendéngerresponsabel zu Ettelbréck

01
oct.
2024
01 oct.

Wéi schonn am Juni ugekënnegt luede mir all Massendéngerresponsabel, déi mindestens 16 Joer al sinn, häerzlech op eis Begéignungsowender. Deen Owend si Membere vun der Ekipp Lëtzebuerger Massendénger niewent der Directrice oder/an dem Här Nationalaumônier dobäi. Esou kënne mir eis iwwer d‘Massendéngeraarbecht an de Paren, den Dekanater an och um diözeesane Plang an enger gemittlecher Atmosphär austauschen an Är Wënsch/Ureegungen nolauschteren:


Dënschdes, den 01.10.2024 ëm 19.30 Auer zu Ettelbréck (Kierch)

oder

Dënschdes, de 15.10.2024 ëm 19.30 Auer um Houwald (1 rue Dr. Jos Peffer)


Fir genee plangen ze kënnen, ass et äis wichteg ze wëssen, zu wéi vill mir déi eenzel Owender sinn. Mellt iech dofir w.e.gl. an der Massendéngerzentral bis spéitstens de 25. September 2024 un.

Mat léiwe Gréiss,

d'Equipe Lëtzebuerger Massendénger