Joël Adami: Fassad a Substanz

21
mai
21 mai

D'Ettelbrécker Bibliothéik invitéiert iech dënschdes, den 21.Mee 2024 um 19.30 Auer op ee Liesungsowend mam Joël Adami.

De Joël Adami liest aus sengem éischte Roman "Fassad a Substanz": Den Ech-Erzieler steet enges Dages am Laf vum Joer 2016 virun „dem Lach, dat fréier mol den Aldringer war“ a kritt d‘Gefill, datt generell eppes mat der Welt a besonnesch mat Lëtze­buerg net stëmmt. Alles wierkt fir hien, wéi wann et just eng bëlleg Kuliss aus Kartong wier. Wat als komescht Gefill ufänkt, entwéckelt sech zu engem eeschte Problem, well näischt méi reell wierkt...


Mir freeën eis op äre Besuch!


Fräien Entrée - Keng Reservatioun