Marc Weydert: Krixkrax

17
janv.
17 janv.

Hutt dir Loscht op eng flott Geschicht?

Da kommt samschdes, de 17.Januar 2026 um 15.00 Auer an d'Ettelbrécker Bibliothéik! De Marc Weydert ass mat sengem Buch "Krixkrax" op Besuch.

D’Awunner vum Duerf maachen sech Suergen: Hire Kinnek Mett ass zënter Kuerzem mat engem schrecklechen Ausschlag geplot. Am Gesiicht huet hie schonn iwwerall faarweg Tëppelen ... Vläicht kann d’Hex Krixkrax hëllefen?

All Kanner ab 3 Joer sinn häerzlech invitéiert, den Entrée ass fräi, keng Reservatioun.

Fotoen © Perspektiv Editons / Marc Weydert