D’Schungkëscht asbl ënnerstëtzt och weiderhin d’Femmes en détresse

Fir d’Joer ofzeschleissen waren e puer Komitésmemberen vun der Schungkëscht asbl och nach bei den Femmes en détresse virstelleg gin. D’Présidentin vun de Fraenhaiser, d’Madame Andrée Birnbaum, konnt sech niewt engem Don iwwert 1000 € och nach iwwert Spillsaachen an Fraen/Kannerkleeder fir di kleng an di mi grouss Bewunner vun hiren Institutiounen freeën. No dëser Aktion sin d’Memberen vun der karitativer Organisatioun dann och an hier wuelverdingten Krëschtvakanz gangen.