D’Schungkëscht bléiwt sëngen Engagementer tréi

Well d’Objektiver vun der Schungkëscht asbl an deenen vum Kannerwonschbaam deels identësch sin, nämlech den Benodeelegten (an desëm Fall Kanner) een Lachen an d’Gesicht zauberen, huet d’Asbl och dëst Joer nees d’Solidaritéitsaktioun vun der Stadt Ettelbrëck mat engem Chèque vun 1500€ ënnerstëtzt. Den Erléis kënnt vun Don’en vun hiren Memberen an haaptsächlech vun verschidden Aktiounen di d’Léit vun der Schungkëscht iwwert d’Joer organiséieren wéi z.B. kierzlech mat engem Stand op dem Ettelbrëcker Krëschtmaart.