Hobby- a Konschtmaart am Centre Pontalize

Am Kader vu sengem 10. Anniversaire hat de Centre Pontalize de Weekend vum 8/9. Juli op säin éischten Hobby- a Konschtmaart zu Ettelbréck invitéiert.


32 Hobbykënschtler haten um Site vum Centre Pontalize ausgestallt. D’Bewunner aus dem Haus haten hir Kreativitéit och spille gelooss a konnten esou flott an originell Artikelen ubidden. D’Soroptimisten vun Dikrech/Ettelbréck hunn Eisekuche gebak. De Grill- a virun allem de Gedrénksstand ware bei den héijen Temperaturen gutt besicht.


No de positiven Echoen vun den Exposanten, de Bewunner an de Visiteure vu baussen steet enger zweeter Editioun de Weekend vum 7/8. Juli 2018 näischt am Wee.