Ierpeldeng un der Sauer, vun der Haardt erof gekuckt

Vu méngem Haus an der Porte des Ardennes zu Ierpeldeng gesinn ëch, wéi vill Lait uewen op der Ettelbrécker Haardt spazéire ginn, zum Deel mat Hond, anerer lafen oder drécken eng Kannerkutsch virun sech. Haut hunn ech mir een Häerz geholl. Zu Fouss gong ët iwwert d'Pattonbréck op Ettelbréck. Beim Match gong ët riets géi biergop. Do ass mir ferm de Schweess ausgaang. Wéi ëch endlech uewen ukomm sinn, hunn ëch e wonnerschéine Panorama genoss iwwert Ierpeldeng, a Richtung ZANO, Industriezone, d'Pfleegeheem ALA, d'Laduno, d'Porte des Ardennes an d'N7 fir op Dikrech. Ët war vill Betrib. Fir heem gong ët gréisstensdeels biergof. Mee doheem sinn ëch op e Gardestull gefall an hunn eng grouss Schlupp Waasser gedronk. Ech hat vergiess, eppes matzehuelen. Mee lo geet ët nees.