Krëschtdag fir jiddereen

Wéi schon während de läschte Joeren esou üblech, huet d’Schungkëscht asbl och dëst Joer nees un déi geduecht bei deenen d’Krëschtkëndchen normalerweis nët esou spendabel ass. Kuerz virun Krëschtdaag sin dofir e puer Comitésmenberen vun der Associatioun bei d’Stëmm vun der Stroos gefuer an hun hinnen dank dem Erléis vun hiren Aktivitéiten niewt engem Don vun 1000€ och nach nei gekaaften warm Joggingen, Mutzen, Schaaler, Strëmp an Händschen iwwerreescht. Des weideren goufen och nach Schungkëschten déi hir Memberen mat allerlee nëtzlechen Saachen selwer agapaakt haten ausgedeelt.