Am Kader vun hirer Assemblée Générale den 01.März 2011 huet d'Nordstadjugend asbl e Scheck an der Héicht vun 665 Euros iwwerrécht un d'ONG "Terre des Hommes Luxembourg".
Während de Méint Oktober an November 2010 hun eng Partie Jugendlëcher baal all Dag ënnert der Obsicht an mat der Hëllef vun den Educateuren/tricen vum Ettelbrécker Jugendhaus Kichelcher gebaak. Déi goufen dun um Ettelbrécker Krëschtmaart verkaaft, natirlech nees mat der Hëllef vun villen Jonken. Dobei sin 665 Euros zesummen komm. Wéi all di Joeren virdrun sin di Suën fir e gudden Zweck gespend gin, dëst Joër un Terre des Hommes Luxembourg. Des Organisatioun huet sech zum Haaptzweck die schnell an direkt Hëllef fir Kanner an Nout gemaach. Hir Recetten stammen haaptsächlëch aus Spenden.