Zanter e puer Joer mécht d’Ecole privée Sainte-Anne vun Ettelbréck mat verschiddenen Aktiounen aktiv bei der Orange Week mat. Dës international Aktiounswoch géint Gewalt u Meedercher a Frae fänkt de 25. November un – dem internationalen Dag géint Gewalt u Fraen – a geet bis den 10. Dezember, dem internationalen Dag vun de Mënscherechter. A ville Länner, och zu Lëtzebuerg, gi wärend dëser Zäit Gebaier, Stroossen oder Symboler orange beliicht, fir d’Opmierksamkeet op dëst wichtegt Thema ze lenken.
Dëst Joer huet d'Sainte-Anne e flotte Projet mam Numm „Sainte-Anne monte le son“, inspiréiert vum Lidd La poupée monte le son vun der Lëtzebuerger Sängerin Laura Thorn, op d'Been gesat. Den 8. November war d’Laura Thorn als Marraine vum Projet op Besuch an der Schoul zu Ettelbréck. Si konnt dobäi mat vill Freed feststellen, wéi begeeschtert d’Schülerinnen hiert Lidd astudéiert haten.
Nieft dësem musikalesche Projet goufen och zwou Ausstellungën ënner fräiem Himmel virun der Schoul gewisen, déi vun de Klassen zesumme mat hiren Enseignanten aus dem Beräich Artistique realiséiert goufen.