D'Däichwisen bidden dëse Weekend de Kader fir den 22. Occasiounsmaart vum AutoMoto-Nordstad. 18 Garagen weisen ennert dem fräien Himmel iwwer 200 Gefierer vun den ennerscheedlechsten Automarken aus der Regioun. Iwwert de ganzen Occasiounsmaart ginn d'Garagisten potenzielle Käfer di néideg Informatiounen zu de Gefierer.
Alternativ Mobilitéit
An Zesummenarbescht mam Développement Nordstad an dem Emweltministère sinn an der Däichhal op der Expo "Alternativ Mobilitéit" Elektro-Autoen, Elektro-Motoen, Eltektro-Veloën, Hybrid- an Ökologesch-Autoen ausgestalt.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. Parkplazen ginn et am Däich bei der Däichhal, beim Futtballsterrain a virun der Sportshal. Egologesch ureesen ass och méiglech: Den Occasiounsmaart ass nemmen 10 Minuten ze Fouss vun der Gare eweg.
D'Aussteller am Iwwerbléck:
AMS MOTO
AUTODROM
AUTOPOLIS
BOEWER
CLAREN
DELTGEN
FABER
GRASGES
KREMER
LEWECK
JEAN WAGNER S.A
RENAULT
MOTOR CENTER
DE MOTOS-MICH
PEPIN
SCHARTZ
SCHWEIG
WENGLER
www.automoto-nordstad.lu