Fentenger Kanner bastele fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

Leschte Wanter hunn d’Kanner vun der Fentenger Schoul fir hiert Wanterfest gebastelt a Kalenneren an Dicher verkaf. En Deel vum Erléis – ganzer 1500€ - hunn si der Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent. Déi Suen hëllefen der Fondatioun Kanner mat Kriibs an hire Familljen an der schwéierer Phase vun der Krankheet an doriwwer hinaus z’ënnerstëtzen.


Fir d‘Scheckiwwerreechung mam Kannerparlament dëse Mee hunn d’Kanner nees gebastelt an der Fondatioun schéi faarweg Poldien geschenkt – de Poldi ass d’Maskottche vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner.


Wann och Dir d’Aarbecht vun der Fondatioun ënnerstëtze wëllt, kennt dir dat mat engem Don op follgenden Kont maachen: LU17 0028 14084840 0000