Viru kuerzem konnten zwou Vertriederinnen vun der asbl Solina ee schéine Scheck iwwer 3500 Euros entgéinthuelen.
Dës Suen kommen aus dem Erléis vum Adventsbazar, deen zënter méi wéi 40 Joer vun de Fentenger Gesangsveräiner ,Cantabile’ an ,Alouetten’ organiséiert gëtt, dat mat der tatkräfteger Ënnerstëtzung vu weidere Fentenger Leit.
No engem klengen Réckbléck op esou vill Joer Engagement fir dëst Evenement gouf et en intressanten Abléck an d’Aarbecht vun der asbl ,Solidarité Jeunes’ an hire Projet ,op de Patten’ bei där Déieren mat an déi therapeutesch Aarbecht fir jonk Leit agebonne ginn.