Feelen: Endlech war et erëm esou wäit! Den 20. September 2025 hunn déi Nidderfeelener, déi tëschent 1935 an 1950 gebuer sinn an zu Nidderfeelen an d’Primärschoul gaange sinn, sech fir hire 7. Konveniat getraff. Nodeems si um Kierfecht un hir verstuerwe Komeroden a Komerodinne geduecht hunn a symbolesch fir si alleguer Blummen um Graf vum Jos. Besenius néiergeluecht hunn, goufe si vum Buergermeeschter Fernand Mergen virun der neier Märei zu Nidderfeelen empfaang. De Buergermeeschter huet am neie Sëtzungssall bei engem gudde Pättchen déi intressant Geschicht vum neie Gemengenhaus an de Verlaf vun den Ëmbauaarbechten erkläert an dunn duerch déi nei Raimlechkeete geféiert, wou jidderee sech konnt vun der gelongener Transformatioun iwwerzeegen.
Duerno hu si sech vum Kach am Hennesbau verwinne gelooss. Wärend en etlech Stonnen a gemittlecher Gesellschaft si vill Erënnerungen aus der Schoulzäit nees opgefrëscht ginn mam Wonsch sech an Zukunft all Joer erëmzegesinn. (Text: Marie- Jeanne Schank- Reuter – Foto: Charles Reiser)