MER HAN ÄIS RËMGESINN .

Mer vam 6te Schouljoer 1976/77 haaten eisen Ischten Konveniat.

Vill Joeren gouf dovan geschwaat,an op der 50Joer-Feier

Wëntger Schoul han par Lekt beschloss,datt et ewer lo Zäit giff gin.

Sou sen den 17 Oktober 20 "Jungen an Meedercher " der Invitation

nokomm an mer hon äis am Restaurant Reiff zu Fëschbich getraff.

Och d'Léierpersonal waat äis di 3Joer zu Wëntger begleet hot,

hatt nik duarfen feelen.

Schéin an interessant war et,wann no bal 50 Joer een deen anere

kuckt an seet: "Du bass lo ween?",oder "ech hätt dech ewer lo sou nik kannt".

Bei enger Usprooch hon mer äis di néidig Zäit geholl fir deenen 9 Lekt ze gedenken

di mer am Laaf von de Joeren verluer hon.

Mat enger Käerz fir jidereen konnte mer si mat an den Dësch huelen.

Bei engem gudden Eessen an herno op der Keelebaan gouf sech sou munches

erzallt. Mä virun allem waar et einfach nëmmen di Freed sich no sou villen

Joeren rëmzegesinn.

Sou gouf et séier Owend an den nächsten Konveniat war och well hallef geplangt.

Een schéinen Dag,deen äis all an gudder Erënnerung wärd bleiwen.

A,B,C,R