Besuch vun der Entente vu Fluessweiler bei der Luxembourg Air Rescue

De 7. November 2025 konnte mir e kuerze Bléck hannert d'Kulisse vun der Luxembourg Air Rescue werfen a mir hun op eng beandrockend Aart a Weis d'Wichtegkeet vun der Loftrettung gewise kritt. D'Visiteure konnten déi modern Flott vu 6 Rettungshelikopteren an 5 Ambulanzfligere bewonneren a vun den dräi Guidë léieren, wéi Piloten, Dokteren a Rettungssanitäter als Team zesumme schaffen, fir Liewen ze retten. Nieft Missiounen zu Lëtzebuerg ass d'LAR a Rheinland-Pfalz an och international aktiv.

Bei dëser Geleeënheet huet d‘Entente Fluessweiler (bestehend aus de Veräiner Chorales Réunies Gemeng Fluessweiler, Club des Jeunes, Spillkëscht Dumbo, Gaart & Heem, Dëschtennis Gemeng Fluessweiler) der Fondation Luxembourg Air Rescue e Scheck iwwerreecht. Den Dag ass duerno gemittlech am Restaurant Le Menhir – beim Zehra zu Fluessweiler zu Enn gaang.