Ee Concert am Kader vum 175 Anniversaire vum der Chorale Grand-Ducale Sainte Cécile Wormeldange, gesonge vun der Chorale Wormer, Chorales réunies Donwen, Fluessweiler an dem Foulschter Gesank.
Do ass eent seelen opgefouert Wierk vun engem lëtzebuerger Komponist. "d'Johannespassioun vum Jempi Kemmer" presentéiert ginn. Dat war eng Grouss Erausfuerderung un all Bedeelegt. Op dat déi zwou Dirigentinen waren, Claire Garçon-Wio an Steffi Schlink, Solisten, d'Instrumental Begleedung an de Chouer, Si verdéngen ee grousse Respekt
Hei e puer Auszich aus Messagë vun Nolauschterer.
«Wien zu Uerschdrëf an der Kierch war, fir d'Johannespassioun vum Jean-Pierre Kemmer matzeerliewen, ass net enttäuscht ginn. Et war wierklech derwäert. Fir d'éischt emol eng impressionant Kompositioun vum Lëtzebuerger Komponist Jean-Pierre Kemmer, d'Passiounsgeschicht an dann deen herrlichen Schluss, deen op d'Opersteeung vu Christus hiweist, esou datt dës Kompositioun och nach gutt an d'Ouschterzäit passt. An dann natierlech déi exzellent Opféierung vun de Kéier an den Instrumentalisten. Fir duerch déi laténgesch Kompositioun ze féieren, gëtt de Werdegang vun der Passioun op lëtzebuergesch virgedroen, an de Text vun der Joannespassioun dobäi respektéiert. Et huet een net oft Gelegenheet dëst Wierk ze héieren. Zu Uerschdrëf war déi grouss Kierch bis op déi leschte Plaz besat mat Leit, déi um Schluss en tobenden dankbaren Applaus präsentéiert hunn. Meng beschte Felicitatiounen un all déi, déi hei matgewierkt hunn. (JJF)»
Dass dee Concert ee "kulturellt Ereegnis vun de Superlativen" an eiser Regioun war.
All Eenzelnem vun iech e rise Merci.
De Concert vu gëschter Owend war eng grandios Leeschtung, zemol wann een un dee ganzen techneschen a logisteschen Opwand denkt, deen erfuerdert war, fir dëst Event z’organiséieren.
Ech hunn d’Wierker vum Jean-Pierre KEMMER net sou gutt kannt wéi z.B. déi vum Jos KINZÉ. Dofir war et fir mech eng erfrëschent Erfarung, fir dës Kompositioun, dank ärer Opféierung, kennen ze léieren.
Merci nach eemol fir dee léiwen Accueil, déi sympathesch Receptioun a Bravo fir déi grouss musikalesch Performance, déi hei vu ville Leit erbruecht gouf. E Beispill vun enger gelongener Zesummenaarbecht! An deem Sënn wënschen ech iech vill Erfolleg a Satisfaktioun fir weider Kooperatioune vun dësem Genre.
Esou ee Concert ass och eng Visittekaart fir d’Gemeng.”
De Concert stoung ënnert dem Patronage vun der Gemeng Rammerech a vum Pius Verband.
Der Gemeng Rammerech een décken MERCI fir déi logistesch Hëllef, a fir d’Receptioun nom Concert.
https://youtube.com/shorts/FceSHZYT8wY?si=QLlCfgKBqoYKHIMS
Text ML Fotoen LR