"Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng" spende 7000 €

Wéi all Joers hunn « d’Hellenger Fraen a Mammen » ufanks Dezember 2025 op hier traditionell „Mëttegiessen mat Kaffisstuff“ invitéiert. 


Bei Paella a Spaghetti Bolognaise, konnt zu Helleng an der Hal e schéinen Nomëtte verbruecht ginn. Natierlech goufen och rëm Adventskranz an eng flott Tombola bei deem gesellege Mëtte verkaf.


„D’Hellenger Fraen a Mammen » sinn houfreg duerch den Erléis vun der « Kaffisstuff“ 6000 € un „d’Fondatioun Coeur – Daniel Wagner“ an 1000 € fir d’Amicale vum Domaine Schoumansbongert kënnen ze spenden.