Furener Dag 21. September 2024

21
sept.
21 sept.

FURENER DAG 21. September 2024


Samsdeg den 21. September 2024


All aktuell a fréier Awunner mat hire Partner sinn invitéiert, sech Samsdes, den 21.September 2024 fir den zweete Furener Dag an hirem Heemechtsduerf ze treffen an e puer schéiner Stonne mateneen ze verbréngen.


No enger Mass an der Furener Kierch um 10 Auer an duerno, je no Wieder, engem kuerze Spadséiergang duerch Furen, komme mir all an der aler Gemeng zu Furen zesummen, wou d’Gemeng op e Patt invitéiert.


Mir treffen eis um 13.00 am Restaurant FAUST zu Longsduerf fir d’Mëttegiessen.


Um Programm stinn am Nomëtteg e.a. Live-Musek an eng Präsentatioun vun ale Fotoe vu Furen a senge Leit.


Hutt Dir nach al interessant Fotoen, kënnt Dir déi iwwert d’Email-Adress: ydbord@pt.lu (Yves Desbordes) eraschécken.


Umelle kënnt Dir Iech vun elo un a bis spéitstens de 14. September duerch Iwwerweise vu 75 € pro Persoun fir d’Iessen (ouni Gedrénks) op de Kont vum SI Furen bei derCCRA:

LU69 0090 0000 0427 7430 (Vermierk:“ Furener Dag“).


Fir weider Informatiounen:


621 565 119 / jpkarpen@pt.lu (Jean-Paul Karpen)


621 261 298 / nmuller1@pt.lu (Nico Muller)