Frënn vun de Gaasperecher Scouten - Scheckiwerrreechung

Den 1. Mäerz hunn d'Frënn vun de Gaasperecher Scouten hir Generalversammlung am Scoutshome Charel Bechet ofgehal.

No der Begréissung vun de Gäscht, ass un de Patréiner vun de Gaasperecher Scoute geduecht ginn. De Georges Everling ass virun 80 Joer am KZ zu Hinzert erschoss ginn.

De Sekretär huet e Réckbléck op d'Aktivitéite vum leschte Joer gemaach, an de Programm fir dëst Joer ass virgestallt ginn. No dem Bilan vun der Keess gouf de Keessier vun de Keeserevisoren entlaascht. Uschléissend gouf e Scheck vun 1.000.- Euro un "De Leederwon asbl" iwwerreecht. Duerno hunn d'Madame Back an den Här Aendekerk mat engem interessante Virtrag iwwert d'Projete vum "De Leederwon asbl" informéiert. D'Frënn vun de Gaasperecher Scoute bestinn elo säit 29 Joer.