Generalversammelung vun den Harmonikasfrënn Lëtzebuerg

Den 24.März 2011 haaten d‘Harmonikasfrënn Lëtzebuerg (Hfl) hier alljäehrlech Generalversammelung aberuff. No der Begréissung duerch hieren Präsident den John Walers, deen virun allem dem Comité an den Spiller merci gesoot huet fir hieren Asaatz an der vergaangener Saison, gouf e Rëckbleck op daat vergaangent Joer geworf. Nierft verschidden Concerten, engem traditionellen Gratis-Concert fir Krëschtdaag zu Gasperech an der Bedeelegung un der Sprangprozessioun zu Iechternach, gouf nach en flotten Ausfluch gemeet. Den Keessier konnt säin Keessenbericht zefridden oofschléissen, well die finanziell Situatioun vum Club gesond ass, an stabel bliwwen ass am Laaf vum leschten Joer. Beim Blëck an d‘Zukunft stoungen 2 Haaptthemen zur Debatte. Am Joer 2012 feieren Hfl hiert 25. Joer Bestoen, an et ass och un hinnen an deem Joer déi traditionell Journée d’Accordéon z‘organiséieren. Et goufen verschidden Ideeën zur Usprooch bruecht, déi lo wäerten am Comité verdéift an konkretiséiert gin. D‘Zesummensetzung vum Comité bleift déi nämlecht, mam Här John Walers als Präsident, dem Sylvie Wintersdorf als Sekretärin, an dem Guy Streveler als Keessier. Och déi aaner Memberen vum Comité hun hiert Mandat em een weidert Joer verlängert. Keesserevisoren hun gewiesselt. Fir next Saison iwwerhuelen de Fernand Fastro an de Michel Chollet dëss Aufgab. E méi kritesche Bléck huet den Dirigent Maurizio Spiridigliozzi op d‘ Nowuessuergen vun den Harmonikasfrënn geheit. Heen fënnt et schued, dass et emmer mei schwéier gëtt Leid fir den Akkordeon, an d’Engagement an engem Club ze begeeschteren. Wenn Dier interesséiert sidd, Prouwen vun den Hfl sin all Méinden ab 20 Auer zu Gasperech . Falls Dier en Orchester sicht, deen Ärt Fest, Aëren Bazar oder bei soss eng Geleeënheet mat flotten an bekannten Melodien musikalech verschéinert, dann mellt Ierch um 78 00 58.
No der fräier Ausproch goufen laangjährech Memberen mat Medaillen vun der UGDA geéiert. De Vertrieder vun der UGDA Robert Mamer konnt folgend Spiller a Comitésmembren auszeechnen:
„Médaille en bronze“: Mme Isabelle Chaussy, M. Mike Marnach, M. John Walers
„Médaille en argent“: Mme Sylvie Wintersdorf, M. Pierre Kill, M. Norbert Reuter,
„Médaille de mérite en vermeil“: M. Alphonse Feltes M. Michel Chollet
„Médaille de mérite en vermeil avec palmette“:M. Mich Brebsom
„Médaille en argent Grand-Duc Adolphe“: M.Gunnar Gnad M. Guy Streveler
„Croix de mérite en argent“: Mme Sylvie Wintersdorf, M. John Walers, M. Guy Streveler