Nico's Traktertreff


E Samschden, de 7. September 2019, war zu Giewel den 1. Traktertreff ënnert dem Stär vum „Nico vu Giewel“.

Aal Trakteren dat war seng grouss Leidenschaft wärend der Pensioun. Mat vill Léift huet e seng 3 „Bijouen“ an d‘Rei gemaach a genau esou houfreg war en dann fir se op den Treffen ze presentéieren oder einfach en Tour duerch d‘Gemeng ze maachen.

De Nico, de grousse Familljemënsch, war och ëmmer e Mann vun de Leit. Ëmmer ënnert de Leit, ëmmer mat de Leit an ëmmer fir d‘Leit do. Hien huet d‘Leit ëmmer gären zesummegehalen. Esou konnt hie vill Bänner knäppen, Bänner déi eis haut alleguer matenee verbannen. Genau dat ass de Message vun dem Fest:

Kommt mer halen déi „Bänner fir d‘Lierwen“ zesummen.

Kommt mer halen zesumme wat zesumme gehéiert.

Moies um 9 Auer ass den Tour, no Kaffi, Croissant an enger gudder „Sum Sum“ mat 19 Trakteren, 1 Unimog an 1 Won vu Giewel op Käerch gestart. Beim Kierfecht huet den Pater Nico Turmes eis d‘Gefierer de Seege ginn. Um Graf hunn seng gutt Jongen dem Nico eng generéis Coupe gesat an et ass him an aller Stëll geduecht ginn. Duerno ass den Tour weider iwwer Simmer, Iener, Kaalmes, Saeul, Tënten, Dondel, Nouspelt zréck op Giewel fir d‘Mëttegiesse gaangen.

Do ass mat ronn 80 geluedene Gäscht, beim Pättchen an Danzmusek e wonnerschéint Fest voller Emotioun a schéine Momenter gefeiert ginn.

Jiddwer Eenzele vun Häerzen e grousse Merci.

Gaby, Dani & Dan, Christian & Cynthia

& dem Nico seng gutt Jongen.