Gonnereng: "Journée du grand âge" vun der Amiperas-Sektioun Hiefenech/Räilend

Am Eurohotel zu Gonnereng huet d'Amiperas-Sektioun aus der Gemeng Hiefenech hir traditionell "Journée du grand âge" gefeiert. D'Präsidentin Régine Winckel huet d'Membre begréisst an hinne merci gesot fir d'Matmaache bei allen Organisatioune vun der Sektioun. Si huet dëse Membren, déi am Laf vun dësem Jar hire 75., 80. oder 85. Gebuertsdag feieren, felicitéiert an hinnen all Guddes gewënscht: Josette Dimmer (75), Julie Hetto (75), René Colbach (80), Ketty Kirschten (80), Maisy Schwirtz (80), Edouard Frisch (80), Dorothée Rassel (80), Victor Rassel (80), Georgette Weydert (80), Maisy Grethen (85), Ketty Kohl (85) a Jos. Fiedler (85). Duerno huet de Comité de Jubilaren e schéine Gebuertsdaagskaddo iwwerrécht. (dd)