Aweiung vu 6 Zwee-Familljen Haiser zu Greiweldeng den 26.06.25

Den 26.06.25 am Mëtteg war zu Greiweldeng am Bréil d'Aweiung vu 6 Zwee-Familljen-Haiser, a Präsenz vum Claude Meisch, Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, dem Jacques Vandivinit, Direkter vum Fonds du Logement an dem Schäfferot vun der Gemeen Stadbriedemes. All Zwee-Familljen-Haus beinhalt 1 Duplex an 1 Appartement.


4 Duplexen a 4 Appartementer si fir déi abordabel Locatioun geduecht. Déi iwwreg Unitéite ginn zu engem abordabele Präis verkaf woubäi den Terrain fir 99 Joer iwwer en "droit d'emphytéose" cedéiert gëtt, fir deen de Fonds du Logement e Virkafsrecht huet am Fall vun engem Verkaf.