Konveniat der 1. Kompanie Joergäng 1938/1939

Op Pappendag hunn sech d'Zaldote vun de Joergäng 1938/1939 vun der 1. Kompanie vum Truppenkommando ‘Service – Compagnie Transport’ mat Famill zesummefonnt. An de Joren 1957-1958 haten si zesummen hiren obligatoresche Militärdéngscht absolvéiert. Op der Marie-Astrid, hunn déi 9 Leit ee gemittlechen Nomëtteg op der Musel verbruecht, mat Iessen a musikalesch Ënnerhalung.