Alternativ Chrëschtfeier fir den Drëtten Alter zu Groussbus

Well di traditionell Chrëschtfeier fir den Drëtten Alter covid bedéngt huet missen ofgesot ginn, hunn di Gemengeverantwortlech zesumme mat de Fräizäitfrënn Groussbus dëser Deeg den eelere Leit hire Chrëschtkaddo heem bruecht; wéi ëmmer sinn déi dësjäreg ronn Jubilaren nach zousätzlech mat enger flotter Corbeille beschenkt ginn. Et war der Präsidentin vun de Fräizäitfrënn Maggy Glesener-Haas zesumme mam Buergermeeschter Paul Engel a senge Leit aus dem Schäffen- a Gemengerot eng grouss Éier hiren eelere Matbierger eng kleng an onerwaart Freed an dëser net einfacher Zäit ze maachen, dëst mat der Hoffnung verbonnen sech 2021 gesond a monter a geselleger Ronn erëm ze gesinn.