De Kleeschen bei de Groussbusser Kanner

De Kleeschen a säi Gesell hunn sech et net huele geholl looss och dëst Joer di Groussbusser Schoulkanner ze besichen an hinnen eng kleng Freed ze maachen, dat ganzt natierlech am Respekt vun de sanitäre Virschrëften. No der Visitt an der Schoul huet dem Kleesche säi Wee dunn duerch Duerf bei di kleng Kanner gefouert, fir hinnen och eng Titchen bei d'Hausdier ze bréngen.