Firmung fir 9 Jugendlicher aus der Par Atertdall Saine- Claire


Groussbus : An der festlich gerëschter Kierch vu Groussbus huet de Kardinol Jean- Claude Hollerich, Freides, den 13. Februar, 9 Jugendlicher aus der Par Aterdall Sainte- Claire, a Presenz vun hiren Pätteren a Giedelen, d’Sakrament vun der Firmung gespend. Virun dem Gotteshaus ass de Kardinol Hollerich vum Buergermeeschter Paul Engel mat sengem Konsellier Servais Majerus zesummen mam Pater Jean-Jacques Flammang ganz häerzlich empfaange gin. Gläich am Ufank vun der Firmungsmass, hun d’Firmlingen dem Kardinol matgedeelt , wéi si op d’Firmung virbereet gi sin. Och d’Fürbitten hun si selwer virgedroen. A senger Predigt ass de Kardinol Jean- Claude Hollerich op d’Wichtigkeet vum Sakrament vun der Firmung agaangen an huet di Jugendlich opgefouerdert weiderhin am Dingst vun de Kierch ze stoen. Och d’Betty Heimermann- Wio als Presidentin vum Pastoralrot huet dem Kardinol an der Jugendlichen mat alle Bedeeligten Merci gesoot fir dess schéi Feier. D’Firmungsmass ass vum Kardinol Jean- Claude Hollerich zesummen mam Pater Jean- Jacques Flammang, dem Père Antoine Do an de Geeschtlichen Vincent Billot a Jacques Bagnoud konzelebréiert gin. D’Euchastiefeier gouf vum lolaken Gesangveräin ënnert der Leedung vum Foos Schuster mam Organist Jos. Helbach gesanglich a musikalisch verschéinert. Mat engem Empfank am Festsall zu Grousbuss huet dess Firmungsfeier hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)