Fréijoersbotz an der Gemeng Groussbus-Wal

Vill äifreg Awunner a Membere vun de lokale Veräiner aus der Fusiounsgemeng Groussbus-Wal haten sech op dësem traditionelle Fréijoers Rendez-vous trotz wanterleche Wiederkonditiounen afonnt fir den Dréck vu Weeër a Plazen opzerafen. No der Aarbiicht stoung dann dat gesëlligt Zesummesinn zu Dellen, respektiv zu Gréiwels um Programm, wou deene Leit déi matgemaach hunn, e klénge Maufel an e Pättchen als Merci vun der Gemeng offréiert ginn ass. (Fotoen: Andreas Schindler, Léierhaff)