Den 20. Juli 2017 um 20.30 Auer war et esou wäit. Déi méi wéi 30 Akteuren vun der Schankemännchen asbl vu Groussbus stoungen op de Brieder vum Prommenhaff, an hun mat vill Erfolleg dem Nikolai Gogol säi Koméidistéck vun 1836 , - eng batterbéis Kritik un enger korrupter Politik, eng Gesellschaftsfarce, déi Gurmangsegkeet a Verlugenheet am Grousse wéi am Klenge lächerlech mécht, - gespillt.
Ennert der professionneller Regie vum Claude Mangen hun d'Schauspiller eng perfekt Virstellung zum Beschte gin, an de Publikum wousst dat mat engem ganz laangen Applaus ze würdegen.
Weider Virstellungen sin elo nach den 21.7., 22.7., 25.7., 26.7., 27.7., 28.7. an 29.7.
Reservéiere kënnt dir um 671 222 224
www.schankemaennchen.lu