Enn November huet et am Schiefermusée nees geheescht:
Dänne, Liichter, Glanz a Glühwäindoft –
Een Hauch vu Chrëschtdag loung an der Loft.
Den 28ten & 29ten November huet den traditionelle Chrëschtmaart am Schiefermusée Uewermaartel statt fonnt, organiséiert zesumme mat der Gemeng Rammerech an de Frënn vun der Lee.
Tëschent memorabelen Industriegebaier a ronn 75 gerëschte Stänn hu sëlleg Visiteuren d’Adventszäit agelaut.
Eis Schmatten hunn hiert Handwierk presentéiert, lokal Veräiner hu fir Iessen a Gedrénks gesuergt, Aussteller hunn handgemaachten Dekoratioun oder flott Geschenkiddie verkaaft, an d’Musiker hunn himmlesch Kläng verbreet. D’Visiteure konnten och vun de verlängerten Ëffnungszäite profitéieren an déi beandrockend ënnerierdesch Schifergrouf entdecken.
Mir soen allen Aussteller a Bedeelegte Merci. Ee besonnesche Merci geet un eis Sponsoren - Metty Weyrich & Fils, Fiscogest, Boissons Wallers an SDD Lightnings – esouwéi un d’Gemeng Rammerech an d’Frënn vun der Lee fir hire wäertvolle Support.
D’Ekipp vum Schiefermusée wënscht eng besënnlech Adventszäit!