Happy Birthday Liliane Muller- Meisch fir deng 90 Joer


Maarteléng: Mat engem Happy Birthday an deene bäschte Gléckwënsch fir di 90 Joer war de Buergermeeschter Toni Rodesch mat sengem Schëffen Mike Bolmer bei d’Liliane Meisch op Maarteléng komm, fir dem Gebuertskand mat enger gudd gefëllter Corbeille am Numm vun der Gemeng Rammerich, ze gratuléieren. Den 24. Mee 1932 huet d’Geburtsdagskand d’Liicht vun der Welt als dat eenzegt Kand vum Henri Meisch an Hermance Melmer zu Radelange (B) erbléckt. D’Jo- Wuert mam Armand Muller vu Maarteléng, den bei de Schiefergruefen geschafft huet, war den 17. Oktober 1953. Aus hirem Bestiednis sin e Jong an eng Duechter ervirgaangen. Leider ass hire Mann Armand mat dem si säit 1953 zesummen zu Maarteléng gewunnt huet, den 29. Januar 1999 verstuerwen. Bei gudder Gesondheet an begleet mat vill Humor gouf d’Glas zesumme mat de Kanner, erhuewen, an ass op op weider zefridde Joeren ugestouss gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)