Generalversammlung 2025 vun der Heischter Musik

Uganks Mee hat d’”Heischter Musik” direkt op 2 Generalversammlungen agelueden. Virun der eigentlecher Generalversammlung 2025 gouf eng ausseruerdentlech Generalversammlung ofgehal. An dëser gouf iwwert eng Statute-Reform ofgestëmmt duerch déi dës elo konform zum neien ASBL-Gesetz vum 7. August 2023 sinn.


Uschléissend huet d’Presidentin Anne Mousel déi regulär Generalversammlung opgemaach an d’Gemengevertrieder, d’Madamm Simone Fischer-Schartz vun der UGDA an och all uwiesend aktiv an net-aktiv Memberen begréisst. Heibäi huet sie der Gemeng, de Sponsoren an de Musikanten a Comitésmemberen Merci gesot fir hir materiell, finanziell a logistesch Ënnerstëtzung dat ganzt Joer iwwer.


Den Tätegkeetsbericht, an dem och dës Kéier de Galaconcert als musikaleschen an den Heischter Maart als net musikaleschen Héichpunkt zielen, gouf dono vun der Sekretärin Liza Mousel virgedroe. Et sief bemierkt dass de Galaconcert 2025 fir d’éischte Kéier zënter ronn 20 Joer ouni musikaleschen Invité, dofir awer mat Paus an der Hallschent presentéiert gouf.


Well ënnert anerem dës 2 Haaptmanifestatiounen e grousse Succès waren, huet dësen Erfolleg sech och am Finanzbericht erëmgespigelt. Dëse gouf fir d’éischte Kéier vum Annike Janssen virgestallt. Seng gewëssenhaft Aarbecht gouf vun de Keesserevisoren gelueft, déi ausser vereenzelten techneschen Aspekter keng Kritikpunkten haten, sou dass d’Versammlung dem Keessjee Entlaaschtung konnt ginn.


E gréissere Punkt op der Dagesuerdnung war dunn d’Zesummesetzung vum Comité. Well de Jean-Marie Glodé turnusgeméiss austriedend a net nei kandidéiert hat an d’Anne Mousel grad wéi och d’Monique Gleis aus beruff- a perséinleche Grënn demissionéiert hunn, war d’Erliichterung grouss wéi mam Nicolas Gerards, Daniel Kirsch, Mike Macé a Nathalie Weyer nei Memberen an de Comité opgeholl goufen.


No dëser gréisserer Erneierung vum Comité goufe verschidde Medailen vun der Veräinspresidentin a mat Ënnerstëtzung vun der Madamm Fischer-Schartz (UGDA) an dem Här Pereira (Gemeng) un déi verdéngte Musikanten iwwerreecht. Et goufen geéiert fir 10 Joer (Grace Baum), 20 Joer (Annike Janssen), 30 Joer (Carole an Daniel Kirsch; Fernand Meunier) a 40 Joer (Monique Gleis – net deen Owend präsent).


Als Ofschloss vun der Generalversammlung hunn d’ Madamm Fischer-Schartz fir d’ UGDA an den Här Pereira am Numm vun der Gemeng kuerz Dankeswierder un d’Versammlung geriicht an d’Wichtegkeet vun der Musik a vum Veräinsliewen, besonneg an deenen aktuellen Zäiten, ervirgehuewen.


Den Owend gouf bei engem gemittleche Patt ausklénge gelooss.

Plus de nouvelles de Heischter Musik >