MASS OP " CHRISTIHIMMELFAART " AN DER KAPELL VUM FAUTELFIELS 2023



Virun enger Rei Joren gouf op Initiative vun der KMA Luerenzweiler an der Gemeng Luerenzweiler , d´Kapell an der Fautelfiels néi amenagéiert.


Och dëst Joer ass nees op Christihimmelfaart eng Mass vum Här Dechen Felix Steichen assistéiert vum Diakon Jakob Zellinger an der Kapell vun der Fautelfiels gehal ginn. Vill Leit haten de Wee dohin  fonnt. 


No der Mass huet d´Amicale Pompjeeën Luerenzweiler um Fouss vun der Fautelfiels fir Iessen a Gedrénks gesuergt . D´Luerenzweiler Guiden a Scouten hunn d´Navette vun der Luerenzweiler Gare esou wéi vum Parking Blasschenterstrooss op d´Fautelfiels gemaach.




---------


Fotoen: Steyer - Fonck Alice

©️copyright