Hesper ALTWEIBERBAL
12
févr.
12 févr.
Den 12. Februar vun 21 bis 03 Auer fënnt erem den traditionellen an eelsten Altweiber Bal am Land, den Hesper Altweiber Bal am Centre Joseph Altmann statt!
Dëst Joer stinn fir Iech d'Sandy Botsch an Hoffi-Zambezi op der Bün a suergen fir gutt Stëmmung!
Natierlech erëm um Start eis Cocktailbar, mat Klassiker wéi Apérol Spritz an Gin Tonic!
Fir de klengen Honger wäert natierlech och gesuergt sinn!
Virverkaf: 10€
Oweskeess: 15€
Virverkafstickete kritt dir op ticket24.lu, op der Q8 zu Hesper a bei de Memberen vun der Hesper Fuesent.
Garderobe: 2€