Fraen a Mamme vun Housen weise grousst Häerz

Hir Generalversammlung an der fréierer Primärschoul huet de Fraen a Mamme vun Housen de 19. Mee dee passende Kader gebueden, fir gläich zwee Schecke vun all Kéier 3.000 Euro un d'Fondatioun Lëtzebuerg-El Salvador respektiv un de "Plooschter Projet" ze iwwerreechen.

D'Sue stammen aus dem Erléis vun de Verkafsstänn, déi d'Fraen a Mammen 2023 an 2024 um Nuetsmaart an um Niklosmaart zu Housen haten respektiv aus dem Erléis vum dësjäerge Kaffiskränzchen.

All Méindeg treffe sech d'Membere vum Veräin dann och, fir mateneen u Bastel- an Handaarbechten ze schaffen, déi si duerno op hire Veranstaltunge verkafen.

D'Vertrieder vun der Fondatioun Lëtzebuerg-El Salvador a vun der "Plooschter Projet Asbl" hu sech ganz häerzlech fir dee generéise Geste bedankt an hunn du kuerz hir Aktivitéite virgestallt.

Zanter 2003 schonn ënnerstëtzt d'ONG Fondatioun Lëtzebuerg-El Salvador d'Entwécklungswierker vum Abbé Henri Gloden an dësem mëttelamerikanesche Land, wou bal d'Hallschent vun den Awunner ënnert der Aarmutsgrenz lieft.

D'Membere vun der "Plooschter Projet Asbl" hunn zum Zil, méiglechst vill Leit derzou ze bréngen, sech als Stammzellespender ze registréieren, fir esou vläicht engem Leukämiepatient d'Liewen ze retten.