2.200€ vun Izeger Kanner fir Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg

515 Kilometer Velo an 2.200 Euro zugonschte vun der Associatioun Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg ALAEC: dat ass d'Resultat vun engem Velostour, deen eng Partie Kanner vun Izeg den 10. September 2025 organiséiert haten. Vill generéis Donateuren an Donatricen hunn zu deem impressionanten Erléis bäigedroen, grad ewéi Andy Schleck Cycles als Sponsor vun den eenzelnen Tier Velo, déi gefuer goufen. D'Kanner soe jidderengem, dee si an d'ALAEC op déi Manéier ënnerstëtzt huet, ee grousse Merci!