11. Dezember 2011 : Adventsconcert an der Lënster Kierch

E Sonndeg, den 11. Dezember, ëm 17 Auer, organiséiert de Kiercherot en Adventsconcert an der Parkierch vu Lënster. Um Programm stinn d’ « Weihnachtskantilene » vun Johann Friedrich Reichardt an de « Magnificat » vum Johann Sebastian Bach. Als Soliste wierke mat : Marie-Reine Nimax-Werig (Sopran), Heide Neihäuser (Mezzo-Sopran), Alex Gebhard (Tenor) a Luc Nilles (Bas). D'Uergel gëtt gespillt vum Gilles Leyers Et sengt de Jongechouer « Pueri Cantores » an de « Chœur de Chambre du Conservatoire de la Ville de Luxembourg » ënnert der Direktioun vum Pierre Nimax jun. Et spillt den « Ensemble orchestral D’Arco » ënnert der Leedung vum Darko Milowich. Dëse Concert gëtt gespillt mat der frëndlecher Ennerstëtzung vu Raiffeisen.
Den Entrée ass 20 €. Reservatioune ginn ugeholl am Parbüro (Tel. : 78 00 43 - CCPL : LU70 1111 0403 5402 0000). (dd)