D’Lënster ënnerwee a Bayern

Am Kader vum 100. Anniversaire ass d’Lënster Musek den 2. Weekend am September duerch Bayern gereest an huet dobäi zu Bad Wiessee um Tegernsee e Concert zum beschte ginn.

Nodeems den éischten Dag de Concert zu Berg um Starnberger See leider Wuert wiertlech an d’Waasser gefall ass, stoung um 2. Dag en Ausfluch an d’Bavaria Filmstadt an eng Visitt vum Zentrum vu München um Programm.

Den 3. Dag goufe mir vum Medical Park Bad Wiessee um Tegernsee invitéiert fir bei hinnen op hirer Sonnenterrasse e flotte Concert mat bekannten Melodien aus der Rock, Pop a Filmwelt ze presentéieren.

Bevir et dann de 4. Dag erëm op den Heemwee gaangen ass, gouf nach e klengen Tëschestopp am Legoland gemaach.

No dësem flotten Ausfluch steet elo déi lescht grouss Aktivitéit vun de Feierlechkeeten vum 100. Anniversaire um Programm, de Galaconcert den 19. Januar 2019.