Jonglënster : D’Amicale vum CIPA op der M.S. Marie-Astrid

D’Amicale vum Lënster CIPA (Centre Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte) huet bei schéinem Spéitsummerwieder hiren tradionellen Ausfluch mat der M.S. Marie-Astrid gemaach. Zu Réimech hunn 30 Pensionnäre mat dem Begleetpersonal vum CIPA an de Membre vum Comité vum Veräin am Schëff Plaz geholl fir iwwer d’Musel laanscht déi schéin Dierfer bis op Schengen ze fueren an rëm zréck op Rémech ze kommen. Et war normal, datt et um Schëff och Kaffi a Kuch ginn ass. Méi wéi zefridden ass duerno erëm déi flott Gesellschaft an de Bus geklommen, fir zréck op Lënster ze fueren. (dd)