Lënster Musek spillt Freijoersconcert fir ALA Associatioun

Den 20. Mee huet Lënster Musek an d´Jonk Lënster Musek zesumme mat hire Gäscht vun der Big Band Memory zesummen e Concert gespillt. Dëse Freijoersconcert war zu Éiere vum fréiere Member vun der Big Band an Dirigent vun der Lënster Musek René Lelong. Nom Concert gouf et eng Quête bei der 2500 Euro fir d´ALA Associatioun gesammelt konnte ginn.

Ënnert der Directioun vum Chris Nothum an dem Philippe Lelong hunn si dem Public e flotte Programm ronderëm di bekannte Stécker ewéi Second Waltz, De Stars and Stripes Forever an Hard Rock Dynamite gebueden. Besonnesch impressionnant war och nees d´Leeschtung vun der Jonk Lënster Musek, en Ensembel vun 30 motivéierte jonke Musikanten. Fir d´Rentrée sicht di dynamesch Ekipp e neien Dirigent. Interesséierter kënnen sech gäre mellen.