E Bam fir di neigebuere Kanner aus der Gemeng Rammerich


Rammerich: Am Kader vum Dag vum Bam héi zu Lëtzebuerg an am Verlaaf vun enger klenger Feier beim Schoulkomplex zu Kietscht hun iwert 25 néigebuere Kanner aus der Gemeng Rammerich , e Bam no hirer Wiel vun der Gemengeverwaltung, geschenkt kritt. Wi d’Madame Buergermeeschter Myriam Binck agaangs vermierkt huet, pflanze mir haut net nëmmen e Bam, mee mir setzen e Symbol fir d’Zukunft. Fir all Kand, dat am Joer 2026 op d’Welt komm ass, gëtt haut e Bam gepflanzt. E Bam brauch fest Wurzelen am Buedem, fir och bei Stuerm a Wand kënnen ze stoen. Genee esou brauchen eis Kanner Léift, Gebuergenheet a Wäerter, déi hinnen am Liewen halt ginn. An e Bam brauch Zäit, fir ze wuessen a Friichten ze droen. Och am Liewe kënnt näischt vun haut op muer an et brauch Gedold, Fleeg, Vertrauen an Zäit, fir dat eppes Schéines enstoe kann. Dese Bam soll eis all drun erënneren, dat Wuesstem Zäit brauch, datt staark Wuerzelen eis Halt ginn an datt aus klenge Saachen eppes Grousses enstoe kann. All Kanner vum Joer 2026 wënschen mir als Gemeng, datt si gesond a glécklech grouss gin, fest am Liewen verwuerzelt sinn an eng Zukunft voller schéiner Friichtee viru sech hun. Zesummen gouf dunn symbolisch fir all Kand eng Summerlann geplanzt. Mat enger deftiger Zopp a bei engem gudde Patt huet dess Bamfeier hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Fotoen: Charel Reiser)