Revue 2016 "Grousse Kino"

De „Lëtzebuerger Theater“ spillt


Revue 2016 „Grousse Kino“

Grousse Kino! Ennert deem Motto steet dëst Jor déi 120. Editioun vun där méi wéi traditionneller a bekannter Revue vun der Equipe vum „Lëtzebuerger Theater“.
Grousse Kino an der Politik vun eisem klénge Lëtzebuerg, dat ass dat manst wat ee ka soën. D’Reform vun der Fonction Publique war eng vun den Haaptsuergen déi lescht Méint bei eise Staatsbeamten, an där gëtt et jo nawell vill hei am Land. Datt net nëmmen bei hinnen vill Leit ee Kraiz ze droën hun, mee och eist Urgesteen vun der lëtzebuerger Politik, mierkt een ganz gudd, wann d’Astrid Lulling sech bis op enger Kierchebänk néiergelooss huet, fir Rou ze fannen, mee souguer do ass dat hier net vergönnt!
Vu Premierministeren, déi dach esou gären de Chef wëlle bleiwen, och bis iwwer 2018 eraus, obwuel hir Courbe vun der Beléiftheet an déi falsch Richtung weist, iwwer Euro-Politiker, déi vun eisem Ausseminister duerch eis schéi Stad Lëtzebuerg mat hieren net wéinegen Chantiers’en guidéiert gin maache mir den Tuer duerch alles, wat de Lëtzebuerger beweegt huet déi lescht Méint. An do dierf eisen Haff mat de villen Emstrukturéierungen natierlech net feelen, grad esou wéineg wéi d’Flüchtlingsproblematik. Déi lescht fillen sech am Container Royal nawell ziemlech wuel.
Am Staubüro vun de Chants et Poésie iwwerleet een sech jo net fir naischt de ganzen Dag, wéi een d’Leit am beschten ka relles maachen ...
A wa bei munche Politiker d’Mooss definitiv voll ass, huele mir net nëmmen eis Arméi op de Radar, mee och dem Raymond an dem Anne mécht et nawell vill Spaaas, sech méi ewéi eemol blëtzen ze loossen.
An zu gudder Lescht feiert eis Politprominenz dann och nach endlech, no méi wéi 30 Joër, d’Ouverture vun där Strooss, vun där kee Mënsch méi geduecht hätt, datt se iwwerhaapt iergend eng Kéier géif färdeg gin...der Nordstrooss.

D’Auteuren vun där neier Editioun vun der Revue 2016 Romey (Roland Meyer), Wagu (Guy Wagner), Marquis (Marc Weidert), Muje (Jean-Claude Muller), Patkay (Patrick Kayser) an ZoGa (Zoltan Gaetti), zesummen mat de „Revue All Star Band“ Leaderen Heng Kleren an Nico Wegé a mat de Choréographen Cathy Moes a Li Marteling hun Iech och dëst Joër erëm een flotten Cocktail vu Sketcher, Lidder an Danz zesummegemixt, bei deem keen A wärt drëche bleiwen vu Laachen.
Régie féiert wéi gewinnt den Zoltan Gaetti.

Première ass den 1. Abrëll am Groussen Theater an der Stad. Weider Virstellungen sin nach vum 2. bis de 7. Abrëll am Groussen Theater, all Kéier um 20h, ausser Sondes den 3. Abrëll ass eng Matinée um 17h.
Gespillt gëtt nieft dem Groussen Theater an der Stad wéi all Joër am CAPE zu Ettelbréck vum 13. bis de 17. Abrëll an am Escher Theater vum 9. bis den 13. Mee.

Dir gesidd op der Bühn d‘Equipe vum „Lëtzebuerger Theater“ mam Martine Haubrich, Dana Zangerlé, Nathalie Felten, Stéphanie Welbes, Will Aust, Marc Camy, Ricardo Vieira a Jean-Claude Muller.

D’Revue All Star Band spillt a folgender Besetzung : Heng Kleren – Bass, Nico Wegé – Drums, Jeff Glesener – Keyboards, Claude Zeimes – Keyboards a Jean-Jacques Wathgen - Guitar

Regie: Zoltan Gaetti
Musik: Heng Kleren an Nico Wegé
Scenographie: Sophie Maurer
Inspizienz: Josée Conrardy a Marc Bohnert
Choreographie: Li Marteling a Cathy Moes
Beliichtung : Mike Felten
Video: Melting Pol
Kostümer: Carine Ceglarski
Coiffure a Maquillage: Johny fir Intercoiffure Johny Machado a Sara fir By Tun Coiffeur-Créateur

Virverkaf an der Billetterie Nationale um 470895-1 oder op www.letzebuergertheater.lu