D’Gemeng Lëntgen muss bestoe bleiwen

De Lëntgner Conseillje Jos Consbruck mecht an engem Schreiwes drop opmierksam, datt et vu verschiddene Säiten staark Bestriewungen gëtt fir Lëntgen mat Miersch ze fusionéieren. Als Vertrieder vun den "Engagéierten Bierger fir eng sozial Gemeng" mengt hien "D'Gemeng Lëntgen muss bestoe bleiwen".

D'Gemeng Lëntgen muss bestoe bleiwen

„Sein oder nicht sein?“ Mat dëser Situatioun kënnten d’Awunner vun der Gemeng Lëntgen an noer Zukunft konfrontéiert ginn.
Et gëtt vu verschiddene Säiten staark Bestriewungen, fir Lëntgen mat Miersch ze fusionnéiren.
Gewosst ass, dass den Innenminister d’Unzuel vun de Gemengen an eisem Land vun 116 op 60 erofsetze wëll.
D’Konventioun Uelzechtdall, déi no baussen als Zweckbündnis dofir verkaaft gëtt, fir dass déi eenzel Gemengen am Uelzechtdall op eegene Féiss stoe kënnen, schéngt de Forum ze sinn, wou déi verschidden Entscheedungen getraff ginn.
An engem Leitbild, wou d‘Zukunft vum Uelzechtdall ugeduecht gëtt, spillt d’Gemeng Lëntgen nëmme méi eng marginal Roll.
Gewosst ass, dass no der Landesplanung an dem IVL, den Uelzechtdall méi dicht bebaut soll ginn an zu Lëntgen sollen „Op der Kräizert“ eng 480 nei Wunnengen entstoen .
No de Virstellungen vum Schäfferot soll „d’Base Nationale de Support“ vun der „Protection Civile“ op déi aner Säit vun der Dikkrëcherstrooss délogéiert ginn. Fir den néidegen Zougang fir d’Bebauung vun „Op der Kräizert“ ze kréien, sollten, no Virstellungen vum Buergermeeschter, um reschtlechen Terrain, den dem Staat gehéiert, Sozialwunnengen entstoen.
Zoufall oder net ass d’Tatsaach, dass eng Rei vun Attributiounen vun der BNS zu Lëntgen op aner Centren verdeelt ginn, an de Lëntgener „Protection Civile“- Center eng manner wichteg Roll op nationalem a regionalem Gebitt wärt spillen.
Déi Gréngsträifen, déi am Leitbild tëschent denen eenzelne Gemengen agezeechent sinn, fir d’Eegestännegkeet vun denen eenzelnen Uertschaften z’ënnersträichen, sollen tëschent Rolléng a Lëntgen verschwannen. Als Alibi gëtt de Fall vun der Entreprise Adam ugefouert, déi da ganz op Rolléng verluecht géiff ginn, well se sech hei besser entwéckle kënnt. En anert Argument, dat ugefouert gëtt, sinn d‘Aussiedlerhäff vun de Famillen Decker a Molitor, déi tëschent Goussel a Miersch entstinn.
Et schéngt hei, wéi wann déi néideg Fakte geschafe solle ginn, fir eng Fusioun tëschent denen zwou Gemengen virzebereeden.
E weidert Beispill am Puzzle ëm d’Fusioun ass eng Délibératioun vum Mierscher Gemengerot, fir sech un dat Lëntgener Drénkwaassernetz unzeschléissen.
Et stellt sech och d’Fro, firwat dat Lëntgener Gemengenhaus net schon zënter Laangem de benéidegte Lift krut, fir dass och déi behënnert Matbierger fräien Zougang zum Gebai hätten, oder gëtt dat Gebai an Zukunft net méi benéidegt?

Firwat wëlle mir keng Fusioun?

Et kann net sinn, dass de Souverän, also den Awunner aus béide Gemengen, viru Fakte gestallt gëtt an d‘Fusioun dann als „Intérêt public“ verkaaft kritt. Dobäi geet et just nëmmen dorëms, dass déi verschidden Immobiliespekulanten hir Terrainen besser valoriséiert kréien. Leider ass d‘Verbandelung tëschent den Immobiliespekulanten an der Politik an deenen zwou Gemengen eng batter Realitéit.
D’Gemeng Lëntgen huet sech an de leschte Jorzéngten méi wéi positiv entwéckelt a brauch sech net hannert anere Gemengen ze verstoppen.
D‘Liewensqualitéit ass gutt, d’kulturell a sportlech Infrastrukturen sinn hei, d’administrativ Weeër si kuerz an d’Gemengeverwaltung funktionnéiert zur beschter Zefriddenheet vun hire Bierger .
Ass dat alles no enger Fusioun nach garantéiert?
An eiser Gemeng ginn 2.700 Awunner vun 9 Gemengeréit vertrueden, mais an enger Fusiounsgemeng ginn et fir déi zwou Gemengen nach just 15 Conseilleren an dobäi schéngt et eis, dass d’Interesse vun de Lëntgener Bierger net méi onbedingt vertruede ginn.
Ass dat de Wee, de mir goe wëllen?
Et wärd sëcherlech och méi schwiereg ginn, fir sech an der neier, awer net onbedingt besserer Welt z‘orientéiren.
Do stellt sech jo wierklech folgend Fro: „Firwat soll dann alles einfach bleiwe, wann et och méi komplizéiert geet?“

Et ass dach einfach! Kommt, mir bleiwe, wat mir sinn a mir wëlle keng Mierscher ginn!

Consbruck Jos
Lëntgen