An hirer Joeresversammlung hunn déi Lëntgener Gewerkschaftler vum OGB-L eestëmmeg d‘Tätigkeetsberichter an d’Finanzgestioun vun hirer Sektioun guttgeheescht.
An engem kämpferischen Referat huet den OGB-L-Zentralsekretär Romain Daubenfeld eng guddfundéiert Analyse vun der Finanzkris gemaach, Kris, un der déi Schaffend nët schold sinn. Och huet hien verlaangt, datt et Schluss misst sinn mat dem sozialen Ofbau an der europawäit an och zu Lëtzebuerg praktizéierter neoliberaler Politik.
Fir 60 Joer Memberschaft gouf de leider kierzlech verstuerwenen Gewerkschaftler Robert Unsen posthum geéiert. Den Norbert Schank an de Romain Jäger konnten hir Diplomer an e klenge Cadeau fir 40 an 25 Joer Memberschaft entgéint huelen.
Als Unerkennung fir hir laangjährig Comitésarbëcht kruten d’Alice Thoss an de Jos Unsen eng gudd gefëllten Corbeille.
De Comité vun der OGB-L Sektioun Lëntgen setzt sech elo zesummen aus :
Jos Consbruck: Präsident a Caissier; Louis Pinto: Vize-Präsident; Ranganathan Johanns: Sekretär; Nicolas Feiten, Alphonse Richard, Ady Streveler, Unsen Jos an James Jannimon, Comitésmemberen.
Den 1. Mee organiséieren d'OGB-L Sektioun an de Syndicat d'Iinitiative vu Lëntgen hir
1. Mee Feier "A Mouschelt".