Dräi Benefizconcerten mat ganz positiven Resultater

Zënter dem Ufank vum Krich an der Ukraine huet de Club Luxembourg-Doyen du Soroptimist International dräi Benefizconcerten fir d'Affer a Flüchtlingen aus der Ukraine organiséiert. Mat engem ganz positiven Bilan: am Ganze konnt de Club bal 27.000€ iwwerreechen fir Nouthëllef an der Ukraine, un d'Roud-Kräiz an de Schwësterclub Soroptimist zu Lviv, a fir de pädagogesche Projet vun der Associatioun LUkrain fir ukrainesch Flüchtlingskanner zu Lëtzebourg.

Fir den drëtte Concert hu sech déi ukrainesch Sängerin Olena Afanasieva an d'Lëtzebourger Pianisten Stefan an Dorel Dorneanu zusummengedoen mat de jonke Museker Ruben Dorneanu, Philipp Schneider an Thomas Schillo. E ganz erfollegräichen Owend bei deem och d'Weltpremière vun dräi Stécker vum ukrainesch-amerikanesche Komponist Andriy Lehki stattfonnt huet.