E schéine Souvenir vum Comité Alstad als Erënnerung un den Trounwiessel 2025

Eng bleiwend Erënnerung un d’Vereedegung vum Groussherzog Guillaume ass dëse Platto, deen de Comité Alstad Iech elo ubidde kann.


De Platto gouf fir de Comité Alstad entworf vum Kënschtler Jacques Schneider, a weist ons déi viischt Fassade vum Groussherzogleche Palais an de Faarwen orange a blo mam Schrëftzuch Guillaume.


De Platto ass 33,6 cm laang, 23,2 cm breet an 2,6cm héich. D’Firma RAK huet d‘Plattoë geliwwert, a si sinn am Keramikatelier vun der Fondatioun Kräizbierg dékoréiert ginn.

Et ass eng kleng Editioun vun nëmmen 100 Stéck. Bestelle kann een de Platto vun elo u beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vu 85 € op de Kont vum Comité Alstad bei der


Spuerkees IBAN LU64 0019 1755 0897 000

(mam Vermierk: Erënnerungsplatto)


bis spéitstens den 20. September 2025. No dësem Datum kascht de Platto da 95 €.

Ofhuele kann ee seng Bestellung vum 06. bis den 10. Oktober 2025 vun 09:00 bis 17:00 Auer am Büro vum Comité Alstad um N° 14 an der Siegfridstrooss (vis-à-vis vum Staatsrot).

Am Kader vun der Aweiung vum Monument zu Éiere vum Groussherzog Jean préparéiert de Comité Alstad eng grouss Ausstellung iwwert de Groussherzog Jean.

Mir wëssen, datt de Groussherzog Jean och gemoolt huet.


Wie weess eppes doriwwer, a wien huet eventuell esou en Tableau?

Mir wiere frou, wa mir weider Informatioune kéinte kréien.

Telefon 46 61 88

Merci am viraus

De Comité Alstad