EEËRFLIEDERCHER FIR DE GUDDEN ZWECK UM SICHENHAFF

Wéi all Joer gëtt um Sichenhaff un déi Zäit erënnert, wou eng Leprastatioun do fonctionéiert huet.

Viru Laangem haten deemools Dammen aus der Stad all Joer op Sichenhaffer-Kiermesdag eng Hëllefsaktioun lancéiert an hu Fliedercher gebak an da verkaf. Den Erléis koum deene Kranke vum Sichenhaff zegutt.

An de 70-er Joren hat den Interesseveräin Pafendall-Sichenhaff dës Traditioun erëm opliewe gelooss a säithier gëtt all Joer, op Oktav-Ufank, an der Sichenhaffer Kapell eng kleng Feier ofgehalen, wou Veräiner aus dem Quartier Pafendall-Sichenhaff dru bedeelegt sinn a Fliedercher verschenke. Leit déi wëllen, kënnen e klenge Geste maachen, deen da fir e gudden Zweck benotzt gëtt. Den Cäecilieveräin vum Dällche gëtt speziell nees fir déi Geleeënheet reaktivéiert a begleet d’Feier.

De Rendezvous ass e Samschdeg, den 20. Abrëll 2024 um 17 Auer bei der Sichenhaffer Kapell.