Folklorgruppen ënnerwee Am September 2024 waren di zwou Lëtzebuerger Folklordanzgruppen Uucht- La Veillée aus der Stad a La Ronde vu Beetebuerg zu Boulogne-sur-Mer op der Fête de la Beurière. Invitéiert ware mir vum Grupp « Les Soleils Boulonnais », déi zanter 50 Joër ënnert der Leedung vum dynamischen Stéphane Thiriat all Joër am Hierscht dëst Fest organiséieren. Während 2 Deeg konnte mir eis vum Savoir -Faire a vum Savoir-Vivre vun de Leit am Pas de Calais iwwerzeegen. Gläich zur Begréissung gouf et Kippers, e gereecherten Hierk fir deen d’Boulonnais’e grad wi hien (den Hierk) an hir englisch Noperen déi Säit vum Ärmelkanal duerch d’Feier ginn. Och di schéi mëttelalterlech Alstad huet äis begeeschtert. Den absolute Highlight war awer den Aquarium Nausicaa, dee gréissten an Europa, an deem mir net aus dem Staunen iwwer di schéi Waasserdéieren erauskoumen. Mir waren un éischter Stell ugereesst fir eis Kostümer, eis Melodien an Dänz ze weisen. De Chibberli, de Baaschtnecher Konterdanz an di séier Maclotte konnten d’Leit beim Mier begeeschteren. Et war dunn nëmmen normal, dass mir eis nei Kolleegen, déi di selwecht Passioun fir Konscht an Traditioun deelen, geschwë wollten erëm gesinn. Mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg koume fir den Ouschterweekend 20 dynamisch Dänzer/innen a Sänger/innen op Besuch. Mir hunn hinnen du gläich ënner engem wonnerschéine, bloen Himmel eis Alstad mat hire flotte Vue’e gewiissen. Deen aneren Dag Moies huet eng Guidin vum LCTO d’Geheimnisser vum Kierchbierg a vum Quartier Gare gelëfft. Mëttes stoung dunn en éischten Optrëtt op der Plëss um Programm. An de wiertësse Kleeder hunn d’Matelotten an d’Matelot’en hir lokal Dänz virgefouert. Si gouwen zum Deel begleet vun traditionnelle Lidder am « patois local ». Owes hu mir zesummen an der Jugendherberg am Pafendall mat engem Buffet, e puer Pättercher, vill Musék an Danz gefeiert. Ouschterméinden op der Éimäischen stoung de Plat de Résistance um Programm. Um Parvis vum Konschtmusée um Fëschmaart koumen d’ »Soleils Boulonnais » Moies a Mëttes an den Asaz. Si haten den houbeschte Fuedem un an hunn ënnert de Kläng vun der Gei an der Klarinett hir konschtvoll Schrëtt zu flotte Figure forméiert. «Menuet», «Contredanse» an «Cassez le verre» hu sech ofgewiesselt mat nostalgische Lidder wi «Vos blanches coiffures», wou e Lueflidd op d’traditionnel « Coiffe » vun de Frae gesong gouf. D’Getrillers vun de Péckvillercher huet sech mam begeeschterten « An d’Hänn Klappe » vum Publikum vermëscht. Dës Éimäischen 2025 - eemol anescht- ass ganz gut ukomm. Wéi sou dacks ass d’Zäit verflunn a schon huet et «Äddi, bis geschwënn» an «Au revoir, à bientôt» geheescht. Mir hoffen äis geschwënn bei Musék, Danz a Gesank erëm ze gesinn.
www.folklor.lu
secretariat@folklor.lu