Jonk & Al op der Schueberfouer

D'Bewunner vum CIPA Ste Elisabeth am Park vun Elisabeth Senior hunn zesumme mat Young Caritas e flotten Nomëtteg op der Schueberfouer verbruecht. Gebakene Fësch, Eisekuchen a vill Freed waren natierlech mat um Programm. Déi flott Visitt huet net nëmme Jonk an Al zesumme bruecht, mee och gewisen, dass Spaass keen Alter kennt.